
An der Nuecht op e Samschdeg goufen Poliziste ronn 35 Mol Streidereien a Kaméidi geruff. Dat alles tëschent 22 Auer um Freideg an 6 Auer e Samschdeg. An de meeschte Fäll hat d’Situatioun sech scho berouegt, wéi d’Beamten ukomm sinn, oder konnt nach op der Plaz gekläert ginn.
Net awer bei enger Ausenanersetzung an der Stad beim Tramsarrêt um Boulevard Royal. Hei koum eng Persoun, déi der Police no alkoholiséiert an aggressiv war, no medezinescher Ënnersichung an de Passagearrest. Et gouf Protokoll erstallt. Kuerz duerno ass ee Sträit an engem Lokal an der Rue Sigefroi an der Stad eskaléiert. Wéi d’Beamten op d’Plaz komm sinn, hätten ee vun de Bedeelegte sech géint eng Kontroll gewiert an d’Beamte provozéiert. Och hei war Alkohol am Spill an de Concernéierte koum no medezinescher Ënnersichung an de Passagearrest.
Méi fréi e Freideg, géint 18 Auer, waren d’Beamten op en Noperschaftsträit an enge Residenz op Clierf geruff ginn. Hei huet e Mann d’Nopeschfamill mat engem Messer menacéiert a Mordmenacen ausgeschwat. De Mann huet och nach ausgesot, datt hien och nach eng Schosswaff doheem hätt. Wéi d’Polizisten op d’Plaz koumen konnte si de Mann och untreffen. Wärend d’Beamten dunn hir Aarbecht wollte maachen, huet de Mann d’Nopeschfamill eng weider Kéier menacéiert an huet och e Kichemesser gezunn. D’Beamte konnten him dëst ofhuelen an hie gouf immobiliséiert, fir op de Policebüro ze bréngen. De Parquet huet d’Wunenng vum Mann duerchsichen an de Mann festhuele gelooss. Dësen hat e Samschdeg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.