Friemawierkung net ausgeschlossD'Läich, déi am Juni um Houwald am Bësch fonnt gouf, ass identifizéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Contacto schreift a mir vum Parquet confirméiert kruten, war et ee 34 Joer ale gebiertege Portugis.
© RTL

D‘Enquête zum Fall leeft weider. Et géif ënnersicht, ob de Mann un enger natierlecher Doudesursaach gestuerwen ass, oder ob eventuell eng Strofdot derhannert stécht, esou e Porte-Parole vum Parquet.

De Mann soll och scho méi laang dout gewiescht sinn, ier hien am Juni fonnt ginn ass. Dem Contacto no hätt de Mann zanter dem 20. Juni net méi erreecht kënne ginn. D’Läich gouf awer eréischt de 27. Juni opfonnt.

Back to Top
CIM LOGO