Invité vun der Redaktioun (15. Mäerz) - Marianne DonvenD’Leit musse kënne schaffen, soss gewinne mer se un den RMG

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie war d'Marianne Donven.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Marianne Donven
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

En Donneschdeg de Mëtteg gëtt an der Chamber iwwert en neien nationale Aktiounsplang iwwer d’Integratioun, iwwer d'Zesummeliewen hei am Land debattéiert. Deen ale Plang ass 2013 ausgelaf. Eis Invitée vun der Redaktioun, d'Marianne Donven vun „Oppent Haus“, déi sech fir den Accueil vu Flüchtlingen a Famillen asetzt, sot sech erstaunt driwwer, datt dee Plang net méi eng grouss Wichtegkeet hätt an engem multikulturelle Land wéi Lëtzebuerg. Och hätt sollen e Rapport iwwert den ale Plang gemaach ginn, dat ass awer net geschitt. Fir d'Marianne Donven läit de Fokus vum Integratiounsplang och ze vill op de Flüchtlingen.

D'Marianne Donven (Extrait 1)

Ee grousse Problem bei der Integratioun hei am Land ass den Zougang zum Aarbechtsmaart, sou nach d'Marianne Donven. Dat wär nach ëmmer extrem schwiereg a protektionistesch.

D'Marianne Donven (Extrait 2)

Do géife mer eis an d'eegent Fleesch schneiden, mengt d'Marianne Donven. Wann een 2-3 Joer laang inaktiv gewiescht wär, wär et schwiereg a komplizéiert, wann een dann de Statut bis hätt. Et géif een d‘Leit léieren, datt se kënnen assistéiert ginn, kënnen den RMG kréien, dat wär immens schued.

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie war d'Marianne Donven.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO