
Virun de Wale wollte mir dowéinst vun de Lëtzebuerger Parteie gewuer ginn, wat hir Positiounen zur Entwécklungshëllef sinn.
Eng éischt Fro, déi sech an deem Kontext stelle kann, ass déi vun der Héicht vum Montant, dee Lëtzebuerg an d’Entwécklungshëllef investéiere soll.
Nieft de Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng, sinn och d’Piraten a Volt der Meenung, dass och weiderhin 1 % vum Lëtzebuerger PIB an d’Entwécklungszesummenaarbecht fléisse sollt.
Déi Lénk an d’KPL plädéieren da fir eng Erhéijung vun der Entwécklungszesummenaarbecht. Deene Lénken no sollt den Taux vum PIB, deen investéiert gëtt, bis 2030 op 1,25 % erhéicht ginn. D’Kommuniste fuerderen dann eng rigouréis Erhéijung vun der Ënnerstëtzung vun ënnerentwéckelte Länner, nennen allerdéngs keng konkret Zuelen.
Bei Fokus mengt een, dass d’Lëtzebuerger Kooperatiounshëllef, vun engem karitative Point de vue gekuckt, héich genuch wier.
Op der anerer Säit sinn dann d’ADR an Déi Konservativ der Meenung, dass nëmmen nach 0,7 % vum Lëtzebuerger PIB an d’Entwécklungszesummenaarbecht fléisse sollt.
Vu Liberté-Fräiheet heescht et am Bezuch op d’Héicht vun der Kooperatiounshëllef: “Et ass ni genuch an oft ze vill.”
Wat ‘Prioritéite vun der Entwécklungszesummenaarbecht betrëfft, sinn d’Sozialisten der Meenung, dass ee sech sollt un den Entwécklungsziler vun de Vereenten Natioune orientéieren. Et géif drëms goen, alleguer de Mënschen Zougang zu elementare Servicer wéi Waasser, Bildung an Iessen ze verschafen. Donieft misst ee sech fir d’Integratioun vun de Fraen a Jonken asetzen an insgesamt en nohaltegen an inklusive Wuesstem fërderen.
D’LSAP fuerdert dann och, dass d’Enveloppe fir d’Entwécklungshëllef, d’international Klimafinanzéierung an den Accueil vun de Refugiéen weiderhi vunenee getrennt sinn. Op déi Manéier wier séchergestallt, dass och weiderhin 1 % vum PIB géif an d’Entwécklung fléissen.
Fir d’Demokratesch Partei sollt et d’Zil vun der Entwécklungshëllef sinn, dass d’Partnerlänner net méi op international Hëllef ugewise sinn. D’Sécherheet vun de Mënschen, d’Ekonomie an d’sozial Gerechtegkeet sollte gestäerkt ginn. D’ geographesch Prioritéit sollt der DP no dobäi op Afrika leien.
Fir déi Gréng ass et wichteg, dass d’Lëtzebuerger Entwécklungshëllef d’Praktike vun de “UN Development Goals” respektéiert. Dofir missten d’Partnerlänner “dobäi ënnerstëtzt ginn, hir natierlech Ressourcë selwer kënnen nohalteg ze verwalten.”
Och bei der CSV ass een der Meenung, dass de Fokus vun der Entwécklungszesummenaarbecht op Afrika leie sollt. Afrika wier en “Zukunftskontinent” an e strategesche Partner. Hei kéint een déi gréissten Differenz maachen an eng Kooperatioun op Aenhéicht agoen. Iwwerdeems géif näischt géint “intelligent Synergien tëschent Kooperatiouns- a Wirtschaftspolitik” schwätzen.
Deene Lénken no dierft d’Kooperatiounshëllef net u wirtschaftlech Interesse gebonne sinn. D’Haaptzil misst d’Bekämpfung vun der Aarmut op Basis vun de Mënscherechter sinn.
Fir d’ADR misst ee gesinn, dass “de Bilan vun der Entwécklungszesummenaarbecht, global gesinn, dacks net wierklech iwwerzeegend ass an dobäi op ëmmer méi Kritik, virun allem aus Afrika, stéisst. " Dowéinst misst ee “progressiv op de Wee vu méi fairen Handelsbezéiunge goen an d’Konzept vun der Kooperatioun an deem Sënn upassen.”
D’Pirate fuerderen dann, dass déi nächst Regierung keng privilegéiert Partenariater méi mat Länner ageet, an deenen d’Mënscherechter net respektéiert ginn. Iwwerdeems sollt d’Kooperatiounshëllef net nëmmen an d’Bildungssystemer vun de Partnerlänner fléissen. Et sollten och lokal Entreprisen ënnerstëtzt ginn. Zum Beispill andeems ee Mikrokreditter u si vergëtt.
Fir Fokus muss d’Kooperatiounspolitik op d’wirtschaftlech Entwécklung setzen. “Eng hallef Milliard, fir datt mer Wirtschaftspartner och an Afrika fannen, ass ee richtegen Investissement. Eng hallef Milliard fir Schoulen an Dispensairen ze bauen ass vill ze vill”, heescht et vun der Partei.
Volt ass dann der Meenung, dass d’Prioritéit vun der Entwécklungszesummenaarbecht un den europäesche Wäerter Solidaritéit, Nohaltegkeet a Respekt vun de Mënscherechter sollt ausgeriicht sinn. Et sollt ee sech op déi wichtegst Bedürfnisser vun de Partnerlänner, wéi zum Beispill den Zougank zu Educatioun, Gesondheet, propperem Drénkwaasser an Ernierungssécherheet.
Vun de Kommunisten heescht et, dass ee sech géint all neokolonialistesch Ausbeutung vun anere Länner a géint en Amëschen an dësen hir intern Affäre wiere géif.
Bei de Konservativen ass een dann der Meenung, dass d’Suen, déi een aspuert, nodeems een de Budget fir d’Entwécklungszesummenaarbecht op 0,7 % vum PIB erofgesat huet, hei am Land sollten investéiert ginn.
Liberté-Fräiheet ass dann eegenen Aussoen no géint en Transfert vu Steiergelder a korrupt Länner. Et sollt een éischter Projete vu Lëtzebuerger ONGen op der Plaz ënnerstëtzen.
No Militärputsch am Niger hat de Kooperatiounsministère jo decidéiert, d’Kooperatiounshëllef fir d’Land bis op Weideres anzefréieren.
De Gros vun de Parteien ass dann och der Meenung, dass dëst déi richteg Decisioun war. Dëser Meenung sinn nieft de Regierungsparteien LSAP, DP an déi Gréng och d’CSV, d’Piraten, Fokus, déi Konservativ a Liberté-Fräiheet.
Der LSAP no wier et richteg gewiescht, ze weisen, dass een de Coup d’etat net akzeptéiere géif. Et wier awer wichteg, d’Zivilbevëlkerung am Niger net am Stach ze loossen. Dowéinst géife Projete vun ONGen am Land weider ënnerstëtzt ginn. Woubäi déi Gréng der nämmlechter Meenung sinn.
Vun der DP heescht et, dass ee generell sollt méi streng géigeniwwer Partnerlänner sinn, déi elementar Reegele vun der Rechtsstaatlechkeet net respektéieren.
Der ADR no géif de Fall vum Niger weisen, dass “déi traditionell Relatiounen tëscht Europa an Afrika mussen nei geduecht an nei geuerdent ginn.” Et géif sech weisen, ob an ënnert wéi enger Form iwwerhaapt nach Entwécklungshëllef am Land kéint geleescht ginn.
Fir déi Lénk ass d’Situatioun am Niger komplex. Prinzipiell wier een awer der Meenung, dass duerch en Afréiere vun der Entwécklungszesummenaarbecht nëmmen déi Leit bestrooft ginn, déi näischt fir de Putsch kéinten.
De Piraten no, sollten esou laang keng Lëtzebuergesch Suen an den Niger fléissen, bis séchergestallt wier, dass d’Hëllefen erëm bei de Leit ukommen an e Minimum vu Sécherheet fir d’Leit, déi Entwécklungsaarbecht leeschten, kéint garantéiert ginn.
Fokus ass dann der Meenung, dass ee sech grondsätzlech aus der Sahel-Regioun sollt zeréckzéien, well et hei nëmmen nach Diktature géif. D’Kooperatioun sollt een op Plaze konzentréieren, wou ee selwer a virun allem d’Partner e wirtschaftlechen Notzen dovun hunn.
Fir Volt misst d’Afréiere vun der Humanitärer Hëllef dat allerleschte Mëttel sinn. Et misst een zwar iwwert de Mëssbrauch vun Hëllefsgidder diskutéieren, ma en abrupte Stopp vun der Hëllef kéint bedierftege Bevëlkerungsgruppe schueden. Et misst een en ausgeglachenen Usaz fannen bei deem et méiglech wier, ze iwwerwaachen wou d’Suen hifléissen, Mëssbrauch ze sanktionéieren an d’Ursaache vum Konflikt ze identifizéieren an ze bekämpfen.
De Kommunisten no wier et grondsätzlech falsch, ekonomesch Hëllefe vu politeschen Entwécklungen ofhängeg ze maachen. Am Fall vum Niger wier et ausserdeem esou, dass e President ofgesat gi wier, dee sech op Käschte vun der Bevëlkerung beräichert hätt. Et hätt sech ausserdeem gewisen, dass déi nei Regierung vu groussen Deeler vun der nigrescher Bevëlkerung géif ënnerstëtzt ginn. En Vue vun der enormer Aarmut am Land, sollt all Méiglechkeet genotzt ginn, fir déi ekonomesch Entwécklung ze fërderen.
Déi Konservativ stellen d’aussepolitesch Relatioune mam Niger generell a Fro a gesinn an der Kooperatioun mat Militärdiktaturen en Interessensproblem fir Lëtzebuerg.
Vu Liberté-Fräiheet heescht et zur Fro vum Afréiere vun der Entwécklungshëllef fir den Niger nëmmen “Keng Steiersuen a korrupt Staaten.”