
Den US-Finanzminister Scott Bessent huet en Donneschdeg annoncéiert, datt d’USA an den nächsten Deeg d’Sanktioune fir iraneschen Ueleg ophiewe kéinten, dat schonn um Mier ënnerwee ass. Zil wier et, den Drock duerch déi klammend Präisser ze limitéieren. Duerch dee Schrëtt géinge ronn 140 Millioune Barrel Ueleg fräigi ginn, sot de Bessent an engem Interview mat Fox Business. “Dat entsprécht ongeféier der Versuergung vun zéng Deeg bis zwou Wochen, déi d’Iraner op de Marché bruecht haten an déi komplett a China gaange wieren.” Net genee gewosst ass awer, wéi genee d’Ophiewe vun de Sanktiounen oflafe géing. Genee sou onkloer ass, op wéi engem Wee de Iran d’Sue kréie géing oder wéi eng spezifesch Verméigenswäerter fräigi géingen.
An deem Kontext huet den US-President Trump dann och den israeelesche Premier Netanjahu opgefuerdert, keng Energiefelder unzegräifen. “Ech hunn him gesot, hie soll dat net maachen”, sot den Trump. “An hie wäert et net maachen.”. Den Netanjahu huet iwwerdeem annoncéiert, datt hien en Donneschdeg den Owend eng Pressekonferenz wäert ginn.
Den Iran huet wärenddeem en Donneschdeg gemellt, datt en F-35-Kampfjet vun den USA duerch déi iranesch Revolutiounsgarde beschiedegt gi wier. Den US-Sender CNN hat virdru mat Recours op Insider matgedeelt, datt en F-35-Jet wuel no enger iranescher Attack noutlanden huet missen. E Spriecher vum US-Zentralkommando Centcom huet erkläert, datt den Tarnkappjet op engem Kampfasaz iwwer dem Iran war, wéi en zu enger Noutlandung gezwonge gi wier. “De Fliger ass sécher gelant, an de Pilot ass a stabillem Zoustand”, esou de Spriecher. Et wier déi éischte Kéier zanter dem Ufank vum Krich, datt den Iran en US-Fliger getraff hat.
Donieft sollen déi iranesch Revolutiounsgarden eegenen Aussoen no Raffinerien an Israel mat Rakéiten ugegraff hunn. D’Anlagen zu Haifa an zu Aschdod wiere getraff ginn, deelt d’Unitéit mat. Den iraneschen Energieministère huet nëmme vun enger Attack op d’Uelegraffinerie zu Haifa geschwat. D’Raffinerie an der Hafestad, déi an engem groussen Industriegebitt läit, ass déi gréisst vun Israel. Den Ëmweltministère huet erkläert, datt Vertrieder vum Ministère an eng Noutfallekipp op der Plaz wieren, nodeems si e Rapport “iwwer Stécker vun engem Offänkfluchkierperm, déi am Raum Haifa eroffalen an engem presuméierte Virfall mat Geforestoffer” kritt haten.