PhishingD'Ligue d'Hygiène Mentale gouf gehackt

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem goufen Email-Adresse benotzt mam Zil, Phishing-Attacken ze lancéieren. Dat deelt d'ASBL am Wort mat.

Déi concernéiert Autoritéite fir Cybersécherheet goufen informéiert an et ass elo net méi méiglech, mat de geklauten Adresse Messagen ze verschécken. Via méi al kopéiert Mail-Echangë kéint dat awer nach de Fall sinn.

Dofir réit d’Ligue weider zur Virsiicht, wann een eng suspekt Email kritt.

Et sollen op alle Fall keng perséinlech Donnéeë matgedeelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO