
Wéi et e Méindeg de Moien am Verwaltungsrot vun der Medien-Opsiicht decidéiert gouf, wäert dat Mandat net d'office verlängert, mä villméi nei ausgeschriwwe ginn.
Dës Nouvelle vum Radio 100,7 huet RTL den Alia-President Thierry Hoscheit confirméiert.
Den Direkteschposte bei der Alia gëtt bannent den nächsten Deeg ausgeschriwwen, sou datt et nach e puer Woche kéint daueren, bis datt nees en Direkter un der Spëtzt vun der Alia steet.