Gemeng GéisdrefD'"Motion de censure" géint de Géisdrefer Schäfferot gouf ugeholl

RTL Lëtzebuerg
Schonn am Dezember hat de Grupp Leit, deen d’Motion de censure ugefrot hat, de Budget vun der Gemeng net matgestëmmt.
VIDEO: Motion de censure géint Géisdrefer Schäfferot gouf ugeholl
Schonn am Dezember hat de Grupp Leit, deen d’Motion de censure ugefrot hat, de Budget vun der Gemeng net matgestëmmt.

En Donneschdeg de Moie gouf an der Gemeng Géisdref “d’Motion de censure”, déi géint de Schäfferot geriicht war, ugeholl. Domadder dierft dat d’Enn vun der aktueller politescher Opstellung an der er Gemeng sinn.

Gemeng Géisdref/Reportage Nadine Gautier

D’Christa Schmitz ass do de Moment nach Buergermeeschtesch, de Marc Siebenaller an de Claude Gilson sinn do Schäffen. Dëse leschten hat sech dem Vott en Donneschdeg de Mueren ugeschloss, dee vu 4 weidere Gemengerotsmembere gefuerdert gouf. Dorënner och vum fréiere Buergermeeschter vu Géisdref, dem Norbert Maes.

Deen hat bei de Gemengewahle viru méi wéi engem Joer net gutt ofgeschnidden, mä war de leschte gi vun deenen, déi an de Gemengerot koumen. Schonn am Dezember hat dee Grupp Leit, deen d’Motion de censure ugefrot hat, de Budget vun der Gemeng net matgestëmmt.

Wéi d’Christa Schmitz nom Vott, deen z’erwaarde war, erkläert huet, géif elo d’Decisioun un den Inneministère weider gereecht ginn. Et kéint dorobber erauslafen, datt de Jean-Paul Mathay de nächste Buergermeeschter kéint ginn. Deen huet en Donneschdeg de Mueren a senger Interventioun dovunner geschwat, datt ee mat der Motioun bësse méi Rou an d’Gemeng wollt bréngen, déi lescht Méint wier net propper geschafft ginn. Et hätt un Transparenz vu Säite vum Schäfferot gefeelt, esou d’Kritik.

Nieft de Gemengen- a Schäfferotsmembere, waren en Donneschdeg de Mueren och eng 30 Bierger aus der 1.500 Awunnergemeng an d’Gemengenhaus komm, fir sech do d’Diskussioun unzehéieren. Déi meescht dovunner als Support fir d’Buergermeeschtesch Christa Schmitz.

Bei de leschte Gemengewalen huet d’Buergermeeschtesch déi meeschte Stëmme mat 511 kritt. Den éischte Schäffe Marc Siebenaler hat 464 Stëmme kritt. Den zweete Schäffe Claude Gilson der 415. Woubäi de Jean-Paul Mathay der 298 hat. De Marc Keilen 291. De Christian Flora 236 an de fréiere Buergermeeschter vun der Gemeng Norbert Maes 233 Stëmmen.

Back to Top
CIM LOGO