Zu Miersch huet um Site vun der Bauerenzentral, déi lescht Etapp vun den Ofrappaarbechten ugefaangen. E Freideg de Moie goufen um Gebai vum Fuddermëschwierk éischt Tester gemaach, fir ze kucken, wéi d’Mauerwierk op de Gräifaarm reagéiert, deen de Silo an de Bau niewendru Stéck fir Stéck wäert ofdroen.
De Kran, deen am Asaz ass, war mat Verspéidung ukomm a wäert op d’mannst eng Woch laang mat Ofrappen ze dinn hunn. Mam Cepal-Site verschwënnt d’Symbol vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft an anengems e wichtegen Deel Lëtzebuerger Industriegeschicht an d'Stadbild vu Miersch wäert sech fir ëmmer veränneren.
D'Plaz ronderëm den Agrozenter gëtt elo weider ofgeséchert an déi richteg Ofrappaarbechte ginn dann um Méindeg lass.
Op deene 17 Hektar entsteet en neie Wunnquartier fir ronn 1.800 Awunner.
D'Mierscher Kärenhal gouf den 13. Juli op den "Inventaire Supplémentaire des Monuments Nationaux" gesat, huet also net méi dierfen ofgerappt ginn. Eng Decisioun, déi den deemolege Kulturminister Bettel a säi Staatssekretär Arendt ouni Erklärung erëm réckgängeg gemaach hunn.
Mat dësem Gebai verschwënnt e Stéck intressant Architekturgeschicht a mam Site vum Mierscher Agrozenter, e wichtegen Deel Lëtzebuerger Industriepatrimoine. Am Verglach zu den Industriefrichen am Süde vum Land gouf et keng Lobby fir d’Erhale vun de Symboler vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft.