
De Wäert vun der Lettre-clé, déi d’Tariffer fir d’Akten a Leeschtunge vun Dokteren an Zänndoktere matbestëmmt, gëtt net revaloriséiert. D’Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun AMMD hat eng Hausse vun 2,68% gefuerdert – de Maximum, deen d’Gesetz virgesäit. De Gesondheets- a Sozialministère wollt op Basis vun enger Hausse vun 1,34% d’Verhandlungen ugoen. D’Hausse vun 2,68% géing nämlech 24 Milliounen Euro kaschten, iwwerdeems d’Reserve vun der Gesondheetskeess trotz Apport vun 59 Milliounen Euro vum Staat d’nächst Joer de minimalen Niveau iwwerschreide géing. An deem Fall missten d’Cotisatioune gehéicht ginn.
Nodeems d’Mediatioun gescheitert ass, huet d’Gesondheetskeess virum Conseil supérieur gefuerdert, datt d’Lettre-clé guer net revaloriséiert gëtt a krut Recht.
D’AMMD huet hir Konventioun mat der CNS Enn d’lescht Joer gekënnegt, eegenen Aussoen no net just wéinst der Lettre-clé, mee well se Reforme vum Santéssecteur wollt erbäizwéngen.