Serie : Mir, am Sozialen (4)Cátia Gomes: “Et ass wichteg, de Leit eng Chance ze ginn”

Rosa Clemente
Et wéisst een net wierklech, wat eng Persoun, déi op der Strooss, erlieft huet. Et kéint een sech et virstellen, mee wierklech noempfannen, kéint een et net, sou d’ Coordinatrice vum Terrain bei der Wanteraktioun (WAK).
Serie : Mir, am Sozialen (4) Cátia Gomes.
“Et ass wichteg, de Leit eng Chance ze ginn”

Dofir wiere virun allem Mënschlechkeet an Empathie wichteg Charakteristike fir Sozialaarbechter, déi an der WAK wéilte schaffen. “Déi Leit, déi an dësem Beräich ufänken, well si eng gutt Pai hei kréien, bleiwen net laang. Si packen et net laang, well een hei och vill vun sech muss ginn”, sou d’ Cátia Gomes.

Déi 42 Joer al Educatrice koordinéiert zënter 7 Joer d’ Zesummenaarbecht um Terrain vun der Structure d’hébergement d’urgence (WAK), déi vun Ufank November bis Abrëll um Findel op ass. Dem Cátia Gomes hir Koordinatiouns-Ekipp mécht ënnert anerem de Suivi vun de Beneficiairen, orientéiert si wann néideg weider un extern Servicer. Mécht awer och de Lien tëscht dem Foyer du jour an dem Foyer de nuit an ass an direktem Kontakt mat der Direktioun vun der Dräieck-ASBL an dem Ministère.

Mee an éischter Plaz sti fir d’ Cátia d’Mënschen, ëm déi et hei an der Struktur geet. Si kéint net richteg erklären, wisou si grad an deem Beräich schafft. Mee si kéint et sech anescht net virstellen. “Wann een déi Sensibilitéit net huet, fir Mënschen nozelauschteren an tëscht den Zeilen ze liesen, dann ass een hei net richteg. Well oft schwätzen déi Betraffe vu Villes, mee dat, wat se wierklech wëlle soen, dat muss een erkenne kënnen.

An der Serie “Mir, am Sozialen” stinn déi Leit am Fokus, déi sech Dag fir Dag fir déi Schwächsten an der Gesellschaft asetzen. Et si Portraite vu Sozialaarbechter aus de verschiddenste Servicer a Strukturen am Land, déi eis een authenteschen Abléck an d‘ Aarbecht vum Terrain ginn.

All Reportage fannt fir och op RTL PLAY, ënnert “Mir, am Sozialen”.

Back to Top
CIM LOGO