Join the communityRTL ass vun elo un och op YouTube present

RTL Lëtzebuerg
RTL passt sech domadder weider dem Public un. No Radio, Tëlee, Internet a soziale Medien, wäert een RTL vun en Donneschdeg un och op YouTube fannen.

D’Präsenz vun RTL op YouTube wäert net een oder méi Formater ersetzen, ma wäert d’Formater déi elo schonn existéieren, erweideren. D’Gewunnechten an d’Aart a Weis sech z’informéieren ännere sech a jidderee wielt sech natierlech déi Plattform aus, op deenen e sech am wuelste fillt.

YouTube huet sech mat de Joren zu enger Plaz entwéckelt, op där ee seng Informatiounen einfach an a sengem eege Rhythmus ka konsuméieren. Et war dohier nëmmen natierlech a just eng Fro vun der Zäit, dass och den Universum vun RTL eng Plaz op der Plattform wäert anhuelen.

Um RTL-YouTube-Kanal wäert een exklusiv Ablécker hannert d’Kulisse vun eisem Programm kréien, awer och d’Aktualitéit respektiv méi liicht an ënnerhalsam Formater, Contenuen déi d’RTL-Erliefnis beräicheren an de Programm, deen ee scho kennt, erweideren.

YouTube gëtt sou zu engem zousätzlechen Zougang zu Informatioun an Ënnerhalung, eng weider Méiglechkeet mat eisen News an anere Contenuen a Verbindung ze trieden an ze bleiwen.

Den RTL-YouTube-Kanal ass vun elo un online!

Natierlech ass RTL weiderhin och iwwer Facebook, Instagram, TikTok, WhatsApp, LinkedIn, a klassesch via Radio, Tëlee an Online ze erreechen. Natierlech bleift der och iwwer eis App am App Store an op Google Play ëmmer um neiste Stand. All Plattform bitt eege Méiglechkeete fir sech ze vernetzen.

Back to Top
CIM LOGO