Raum Réiden, Rammerech, EllDonnerwiederen hu fir Stroumpann an de fréie Moiesstonne gesuergt

RTL Lëtzebuerg
Wéi um Site vu Creos ze liesen ass, war um Dënschdeg tëscht 3:21 a 5:24 Auer ëmmer nees de Stroum fort a verschiddenen Uertschaften.

Betraff ware Réiden, Rammerech an Ell, wou de Stroum eng éischte Kéier um 3:21 Auer ausgefall ass. No ronn 7 Minutten, war de Problem nees behuewen... awer net fir laang, well géint 4.10 Auer war en dunn nach emol fort, an du fir net manner wéi 73 Minutten.

Géint 5:24 Auer soll de Stroum dunn nees do gewiescht sinn, heescht et um Site vun der Creos.

© Creos

Wéi et en Dënschdeg am Nomëtteg vu Creos heescht, wieren d’Probleemer an der Haaptsaach duerch d’Donnerwiederen entstanen, ma wieren elo alleguer geléist.

Och zu Hesper gouf et eng Stroumpann. Wéi et hei vun offizieller Säit heescht, wieren dës Ausfäll op eng Pann vun engem Nidderspannungskabel zeréckzeféieren an hätte just 14 Haiser betraff. Hei hätt et méi laang gedauert, fir de Feeler ze fannen, ma och dee wier an Tëschenzäit behuewen.

Back to Top
CIM LOGO