"Der CSV geet et net ëm "Spitzfindegkeeten" an och net ëm e Gaardenhaischen, mä ëm d'Gläichbehandlung vun alle Leit.
Dat huet huet d'Partei op enger Pressekonferenz ënnerstrach, op där si hir Analyse presentéiert hunn an d'Conclusioun ass kloer.
"Sou wéi ech Iech et elo beschriwwen hunn, si mer absolut der Meenung, datt deen heiten Dossier privilegéiert behandelt ginn ass. Dat sinn déi Conclusiounen, déi mer haut aus der Analyse vum Dossier a vun deenen zwou leschte Sëtzungen, déi mer an der Chamber haten, zéien."
Däitlech Wierder vum Claude Wiseler, deen d'Fro opgeworf huet, wéi en Dossier dann nach op déi selwecht Manéier behandelt gi wier, wéi dee vum Roberto Traversini.
An den Aen vun der CSV war den Dossier, deen de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter agereecht huet, net komplett.
"Et feelen "toutes les informations relatives à la conception, une argumentation du besoin réel, les plans de construction....." Dat heescht, et sinn eng ganz Rei Piècen, déi net an deem Dossier dobäi sinn, sou wéi den Artikel 59-1 et awer freet, kloer an däitlech freet. Da seet den Artikel 59-2 "Tout Dossier comportant pas les pièces mentionnées au paragraphe premier est renvoyé et n'est pas traité."
An dësem Fall wier den Dossier awer traitéiert ginn an esou géif eben net jidderee behandelt ginn, seet de Claude Wiseler an d'Fraktiounscheffin Martine Hansen zielt weider Punkten op, déi an hiren Aen net an der Rei sinn.
"Zweetens: Den Här Traversini huet nëmmen eng Demande gemaach, fir eng Holzverkleedung. Hie kritt awer 3 Saache geneemegt. Also eppes gefrot, an der Autorisatioun stinn dräi Saachen. Drëttens, d'Autorisatioun baséiert op engem Gesetztext, dee scho 40 Joer laang net méi applizéiert gouf. Am Procès verbal steet a sech, datt en nach ni ugewannt ginn ass, beim Här Traversini ass en awer elo ugewannt ginn."
Da kéim och nach dobäi, seet d'Martine Hansen, datt den Dossier an enger Rekordzäit traitéiert gi wier. Weider Conclusioune wollt d’CSV awer nach keng zéien, domadder wëll si bis déi aner Woch waarden, dann ass nach emol eng Reunioun mat der Ministesch Carole Dieschbourg.