Wann ee wéinst haislecher Gewalt scho verurteelte Mann seng Ex-Fra a seng Duechter mam Doud bedreet, missten all Alarmklacke lauden.
2011 scho gouf de Mann zu engem Joer Prisong mam Sursis verurteelt - wéinst Coups et blessures volontaires op seng Fra. Déi Joren drop wär d'Gewalt regelméisseg weidergaangen. 2017 gouf et en Avertissement vum Parquet wéinst Menace d'attentat op seng Fra - ouni Konsequenz op de Sursis.
Et ass eng laang a schlëmm Geschicht, déi d'Fra eis gezielt huet. Duerno koum hir Duechter dobäi - well et ass op enger Visitt vun hir beim Papp, viru ronn 3 Wochen, wou d'Lag eskaléiert wär.
De 15. Mee hu béid eng Plainte bei der Police gemaach. Eng weider Plainte de 16. Mee, well de Mann nees opgetaucht ass an d'Famill Angscht gehat hätt. De 24. Mee gouf e Référé exzeptionell ugefrot, fir den Droit de visite vum Papp op Äis ze leeën- wéinst den Doudesmenacen. D'Geriicht huet deen als irrecevabel erkläert, aus juristesche Grënn.
D'Affekotin vun der Fra huet elo ee Référé en urgence absolue ugefrot, d'Kanneraffekote goufe bestëmmt, nieft der Duechter gëtt et och nach ee Fils an ee Signalement gouf beim Parquet Jugendschutz gemaach.
Eleng Femmes en détresse weess vu ronn 40 Fall vu Kanner d'Joer, déi vu Pappe menacéiert ginn. All dat géif och d'Limitte vum Gesetz iwwert d'Autorité parentale conjointe weisen. Femmes en détresse hofft deemno, datt sech un dem Gesetz eppes ännert, fir och deene Realitéite Rechnung ze droen.
