Elefanteronn mat de SpëtzekandidatenDP - de grousse Gewënner, CSV bleift positiv agestallt

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg den Owend waren d'Spëtzekandidate vun de grousse Parteie bei eis am Studio an hunn zesummen op d'Resultater vun de Gemengewale gekuckt.
Elefanteronn mat de Spëtzekandidaten
Um Sonndeg den Owend waren d’Spëtzekandidate vun de grousse Parteie bei eis am Studio an hunn zesummen op d’Resultater vun de Gemengewale gekuckt.

Mat Bléck op d’Chamberwalen am Hierscht gëllen d’Gemengewalen déi Kéier natierlech besonnesch als Stëmmungstest fir d’Chamberwalen. An der sougenannter Elefanteronn op RTL Télé hunn d’national Spëtzekandidaten eng éischt Analys gemaach.

D‘DP ass sécher Gewënner an dëse Walen. De Xavier Bettel weist sech immens frou iwwert all déi Stëmmen, déi DP am Land krut. “Mat Ausnam vun zwou bis dräi Gemengen hu mir iwwerall u Stëmme gewonnen. Mir hunn eng Partie Sëtz gewonnen a souguer e puer absolutt Majoritéiten.”

Och dass d’Familljeministesch Corinne Cahen (DP) vun de Stater Bierger rëm gewielt gouf, stëmmt hie ganz zefridden. “D’Corinne Cahen ass sech hirer Responsabilitéit bewosst an ass engagéiert mat an d’Gemengewale gaangen. Ech si mir sécher, dass Si hire Posten um Ministère demissionéiert, fir en Deel vum Schäfferot ze ginn”, sou de Xavier Bettel.

D’CSV léisst op wichtege Plaze Plommen, wéi an der Stad, Iechternach, Ettelbréck oder Péiteng. Op där anerer Säit gëtt et a ville Gemenge gréisser Succèsen. Déi chrëschtlech-sozial hätten hir Positioun stabiliséiert, dee Constat mécht de Spëtzekandidat Luc Frieden.

Déi Gréng Spëtzekandidatin Sam Tanson bedauert Verloschter. Zu Déifferdeng wier de risege Minus hausgemaach. Op anere Plaze wier et gutt gelaf, ewéi zu Walfer.

Déi aktuell Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer léist am Interview vermudden, dass eng Koalitioun mat der CSV rëm eng Méiglechkeet wier: “Mir hu mat der CSV ëmmer gutt zesummegeschafft.”

Dat confirméiert och de Luc Frieden vun der CSV. Déi gréng Ministesch Sam Tanson weist sech iwwerrascht iwwert dës Ausso: “D’leschte Kéier gouf gesot, d’DP Stad mécht eng Koalitioun, well d’CSV Gewënner war, ma elo si si déi grouss Verléierer an awer wëll een rëm zesummeschaffen.”

CSV fir Sam Tanson de gréisste Verléierer an der Stad

“Et muss een et esou gesinn, dass de Moien de Compteur op 0 gesat gouf an awer ronn 20 Prozent vun de Stater Bierger d’CSV gewielt hunn. Esou schlecht ass dat jo net. Mee ech sinn net de richtegen, fir hei Decisiounen ze treffen”, sou de Luc Frieden.

Gemëscht fält de sozialistesche Bilan aus. Bei super Resultater kommen anerwäerts grouss Verloschter. Ënner dem Stréch seet d’Spëtzekandidatin Paulette Lenert sech net onzefridden, zum Beispill mat Bléck op Esch, wou de Renouveau gegléckt wier.

Back to Top
CIM LOGO