
D’ASBL war zejoert mat 49 Situatioune konfrontéiert an huet 16 Persounen am Kader vum Programm “Dialog amplaz Haass” begleet. De Risk, datt ee sech radikaliséiert, géif et an all Gesellschaftsschicht an an all Alter ginn.
2021 wier d’ASBL mat 15 Situatioune befaasst gewiescht, an deene Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer sech duerch Verschwierungstheorien oder Desinformatiounen dozou verleede loossen, d’Grenze vum Gesetz z’iwwerschreiden oder souguer op Rekrutéierung fir extremistesch Gruppen eranzefalen.