DP-NationalkongressD'Partei ass fir déi 2. Kéier hannereneen an der Regierung

Jeannot Ries
Ronn 6 Méint ass déi nei Regierung elo am Amt, historesch ass et schonn, dass et hei am Land eng Dräierkoalitioun gëtt, dat zwee Mol hannereneen.
VIDEO: DP-Nationalkongress: D'Corinne Cahen am RTL-Interview
D'Partei ass jo fir déi 2. Kéier hannereneen an der Regierung.

D'DP ass méi wéi zefridde mat hirem Bilan vun de leschte fënnef Joer, wou si an der Regierung ass. Déi Liberal haten en Nationalkongress am Studio vum Groussen Theater um Lampertsbierg.

D'Parteipresidentin Corinne Cahen, de Generalsekretär Claude Lamberty an de Premier Xavier Bettel hunn an hiren Interventiounen d'Aarbecht vun der Partei gelueft. Direkt fir den Optakt vum Kongress sot de Claude Lamberty, viru ronn 260 Delegéierten, dass een op en erfollegräicht Joer kéint zeréckkucken.

10 Deeg virun den Europawalen huet virun allem dat Thema en Donneschdeg dominéiert. Déi Liberal wiere gutt opgestallt fir dës Walen, sou d'Parteipresidentin Corinne Cahen. Donieft huet sech och den DP-Fraktiounschef Eugène Berger optimistesch gewisen, dass Demokratesch Partei nächste Sonndeg bei den Europawale gutt ofschneit. Nieft hiren zwee Spëtzekandidaten, Charles Goerens a Monica Semedo, schécken déi Blo mam Gusty Graas an der Simone Beissel ënnert anerem och zwee Deputéiert an d'Course.

De Premier Xavier Bettel huet a senger Ried virun de Gefore vun de riets-populistesche Parteie gewarnt. Europawäit géifen dës Parteien ëmmer méi Opdriff kréien an déi europäesch Wäerter a Fro stellen. Sou geféierlech Tendenze misst ee bekämpfen, sou de Staatsminister.

En Donneschdeg den Owend um Nationalkongress gouf och de Comité directeur vun der Partei nei gewielt. Op Propos vum Xavier Bettel, gouf en bloc iwwert d'Parteispëtzt ofgestëmmt, déi um Enn mat grousser Majoritéit vun den Delegéierten erëmgewielt gouf.

Back to Top
CIM LOGO