
Dëst an der Successioun vum DP-Finanzminister Gramegna an de sozialisteschen Ministeren Kersch a Romain Schneider.
De Grand-Duc Henri ass jo Covid-positiv an an Isolatioun, sou dass hien d’Passatioun net wäert perséinlech duerchféieren.
Dofir goufen d’Demissiounsaudienzen fir déi demissionär Ministeren Gramegna, Kersch an Schneider och annuléiert. Si soen am Laf vum Mëtteg awer dann an hire jeeweilegen Ministèren Äddi.
Iwwerdeem de Romain Schneider an d’politesch Pensioun geet, zitt et den Dan Kersch mat sengen 60 Joer an d’Chamber.
Wéi de Politiker am RTL-Interview sot, géif hien och - wa seng Partei dat wéilt - mat an d’Walen 2023 goen - fir en eventuellen Regierungsposten stéing hien awer net méi bereet.
De Regierungs-Remaniement huet och Suitten an der Chamber, wou de Carlo Weber als LSAP-Norddeputéierten nei vereedegt gëtt. Zu Dikrech an der Gemeng iwwerhëlt de Claude Thill de Buergermeeschterposten vum Claude Haagen an neie sozialistesche Fraktiounspresident gëtt den Yves Cruchten, deen duerfir d’Chargen als Parteipresident roue léisst.
Den éischten Ëmbau an der Regierung Bettel 2 war ewell am August 2019 néideg.
De Justizminister a grénge Vize-Premier Felix Braz huet seng Chargen no enger Häerzattack un de François Bausch respektiv un d’Sam Tanson ofginn.
Nei an d’Regierung koum den Henri Kox.
Duerno huet den LSAP-Minister a Vizepremier Etienne Schneider demissionéiert a gouf vun Franz Fayot respektiv der Paulette Lenert ersat. D’Gesondheetsministesch gëtt jo als nei Vize-Premierministesch verdeedegt.
Nom Depart vum Yuriko Backes um Haff gëtt do nach ëmmer no engem neien Hofmarschall gesicht. D’Madamm Backes war eréischt am Juni 2020 als Maréchale de la Cour genannt ginn.