
D’Interventioune sinn domat ëm 10 Prozent geklomme par Rapport zu 2024, d'Expulsiounen ëm 16 Prozent.
D’Hausse iwwert déi lescht Jore géing sech zum Deel och doduerch erklären, dass méi sensibiliséiert gouf an d’Affer manner zécken, d’Police ze ruffen, esou de Laurent Seck vum Parquet Lëtzebuerg.
D’Kristin Schmit vun der Police judiciaire sot, dass nach méi misst bei der Täteraarbecht gemaach ginn. Der Laurence Bouquet vun der Croix-rouge no kéime Widderhuelungstäter am mannsten an de Suivi. D’Ministesch huet an deem Zesummenhang och op eng Etude iwwert Widderhuelungstäter higewisen, déi Enn dës Joers soll fäerdeg ginn.
D’Olga Strasser vun der Associatioun Femmes en détresse huet ënnerstrach, dass et schwéier wier, fir d'Affer aus enger Situatioun vun haislecher Gewalt eraus ze kommen, besonnesch well se keng Wunneng fannen.