
Kuerz no 21 Auer huet d’Police e Mëttwoch den Owend an engem Schreiwes Entwarnung ginn. Den technesche Probleem ass geléist. Et ass een nees via den 113 erreechbar. Och déi grouss Police-Kommissariater wéi beispillsweis Gréiwemaacher, Lëtzebuerg oder Esch sinn erëm iwwert hir jeeweileg Telefonsnummeren ze erreechen.