
Dem Pol Greisch seng Karriär am Lëtzebuerger Theater war laang: scho mat 15 Joer huet hie säin Debut ginn op de Brieder, déi d’Welt bedeiten. Spéider war hien ënnert anerem och fir seng Optrëtter mat der Juliette François bekannt. 1955 war d’Koppel eng éischte Kéier zesummen op der Bün ze gesinn a bis zum Doud vun der Schauspillerin am Joer 2008 si si ëmmer nees zesummen opgetrueden.
Ma de Pol Greisch huet net nëmmen Theater gespillt, hien huet och Theater geschriwwen. 1993 krut hien déi éischte Kéier de Servais Präis fir d’Trilogie “Äddi Charel”, “Besuch” an “E Stéck Streisel”. 20 Joer méi spéit gouf hie fir d’Buch “De Monni aus Amerika” nach emol mam Lëtzebuerger Literaturpräis ausgezeechent.
Och an der Filmzeen war de Pol Greisch keen Onbekannten. Vun “Déi Zwee vum Bierg” bis bei d’"Rusty Boys” war hien an enger jett Produktioune mat derbäi. Seng lescht Filmroll war 2020 am Kuerzfilm “Lupus” nieft dem Luc Schiltz.