Alkohol an Drogen am SpillD'Police huet no engem Accident mat enger Camionnette zwee Fürerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
Esouwuel beim Chauffer vun der Camionnette, ewéi och beim Chauffer vun engem anere bedeelegte Gefier hunn den Alkohol- an den Drogentest positiv Resultater gewisen.
© Domingos Oliveira

E Freidegowend krut d'Police géint 19:30 Auer en Accident zu Gréiwemaacher gemellt, bei deem eng Camionnette op d'Säit gekippt war. Den éischten Erkenntnisser no huet de Chauffer engem anere Gefier missen auswäichen. De Chauffer vun dësem Gefier huet sech nom Accident nach op der Plaz befonnt.

An der Camionnette souzen nieft dem Chauffer nach zwou aner Persounen. Vun den dräi Persoune goufen der zwou liicht blesséiert.

Esouwuel beim Chauffer vun der Camionnette, ewéi och beim Chauffer vum anere Gefier hunn den Alkohol- an den Drogentest positiv Resultater gewisen. D'Fürerschäiner vu béide Persoune goufe virleefeg agezunn.

Back to Top
CIM LOGO