
D'Police gouf kuerz no Mëtternuecht e Sonndeg informéiert, dass e Mann um Houwald op de Schinne vum Tram läit. Dësen huet och net reagéiert, ewéi en Zeien op der Plaz no him geruff huet. Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz komm an huet de Mann vun de Schinne geholl, sou dass den Tram nees konnt fueren. Well de Mann staark alkoholiséiert war, koum hie fir eng Kontroll an d'Spidol.
Iwwerdeems krut d'Police e Sonndeg an der Nuecht eng Kläpperei tëscht e puer Persounen zu Dikrech gemellt. Zwee Männer hunn hei Stéchwonnen dovugedroen. Si goufen an d'Spidol bruecht. Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet an e Protokoll geschriwwen.