
Géint 20:45 Auer gouf zu Esch an der Rue de Lallange e Cyclsit vun engem Auto ugestouss. D'Escher Pompjeeën an d'Ambulanciere vu Schëffleng waren op der Plaz.
Um 21:10 Auer gouf dann en Automobilist blesséiert, wéi e mat sengem Auto op der RN06 tëscht dem Tossebierg a Mamer en e Bam gerannt ass. D'Ambulancieren an d'Pompjeeë vu Mamer goufen op d'Plaz geruff.
Zwee Blesséierter gouf et dann, wéi um 21:50 en Auto an der Grand-Rue zu Rëmeleng accidentéiert ass. Si goufe vun den Escher Ambulanciere versuergt. Och op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Rëmeleng.
Géint 23:30 Auer sinn dann tëscht dem Rond-pont Gluck an dem Gaasperecher Kräiz op der A3 an Direktioun Frankräich zwee Autoe matenee kollidéiert. D'Stater Pompjeeën an Ambulanciere waren hei am Asaz. Eng Persoun gouf blesséiert.
Géint 9:45 Auer e Sonndegmoien ass dann zu Diddeleng e Vëlosfuerer gefall. Hie gouf vun de Rettungsdéngschter vu Keel versuergt. D'Diddelenger Pompjeeë waren och op der Plaz.
De mellt de CGDIS, datt géint 15 Auer zu Märel eng Persoun ugestouss gouf. De Samu ewéi d'Ekippen aus der Stad waren hei am Asaz.
Tëscht Lauterbuer an Iechternach krute sech eng hallef Stonn méi spéit en Auto an e Moto ze paken. D'Ekippe vun Iechternach an aus der Fiels hunn hei eng blesséiert Persoun behandelt.