
No der déidlecher Messerattack e Mëttwoch zu Tréier, fuerderen d'Eltere vum 22 Joer alen Doudesaffer elo politesch Konsequenzen. Si hu sech elo fir eng éischte Kéier ëffentlech geäussert. D'Eltere vum Marius Dick appelléieren un d'Bundesregierung, d'Bierger virun esou Attacken ze protegéieren. Dat ass an engem Artikel op Welt.de ze liesen.
Et misst sech an Däitschland eppes änneren. Hire Fils ass vun engem anere Jong am selwechten Alter mat afghaneschen Originnen erstach ginn. Der Police no géif et kee Lien tëschent Affer an Täter. Den Beschëllegten huet d'Dot zouginn an ass elo an enger forensescher Psychiatrie.