Vu 568 just 11 positivD'Police huet op 5 Plazen am Land d'Chaufferen op Alkohol getest

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet goufe vun e Freideg op e Samschdeg op 5 Plazen am Land Alkoholkontrollen duerchgefouert. Am Ganze goufe 568 Chaufferen ugehal.
© RTL Archivbild

Tëscht 22.45 an 3 Auer hat sech d'Police zu Housen op der RN7, zu Angelduerf op der Ettelbrécker Strooss an zu Ettelbréck, och op der RN7, positionéiert an huet d'Automobiliste blose gedoen. Vun den 370 Chauffere goufen der 9 positiv getest. Ee Permis gouf agezunn.

E Freideg den Owend tëscht 20 an 21 Auer stoung d'Police och nach zu Biissen op der RN22. Do goufe 97 Chaufferen op Alkohol getest, vun deenen der 2 gedronk haten an e Protokoll kruten.

Bei der Alkoholkontroll zu Schëndels um CR101, tëscht 21.30 an 22.30 Auer goufen 101 Automobilisten ugehal. Do hat keen eppes gedronk.

Back to Top
CIM LOGO