
Tëscht 23 a 24 Auer hat sech d'Police op der RN1 zu Waasserbëlleg Housen positionéiert an huet d'Automobiliste blose gedoen. Vun den 150 Chauffere goufen der 3 positiv getest. Zwee Permis goufen nach op der Plaz agezunn.
E Freideg den Owend tëscht 00.30 an 01.30 Auer stoung d'Police och nach zu Gréiwemaacher-Potaaschbierg, och op der RN1. Do goufen 99 Chaufferen op Alkohol getest, vun deenen der 4 gedronk haten. Och hei kruten der 2 hire Führerschäin ewech geholl.
Bei enger drëtter Alkoholkontroll op der RN7 zu Fëschbech/Klierf, zu Housen an op der Houschter-Déckt sinn tëscht 23 an 3.15 Auer 206 Automobilisten ugehal. Bei 4 Leit war den Otemtest positiv an ee Permis gouf agezunn.