
Géint 22 Auer e Samschdegowend krut d'Police e blesséierte Mann op der Héicht vun der Maartplaz zu Péiteng gemellt. E puer Patrulle sinn op d'Plaz gefuer an d'Beamte konnten de Mann lokaliséieren. Hie gouf op der Plaz medezinesch versuergt a koum duerno an d'Spidol. Den éischten Informatiounen no gouf de Mann bei engem Ausernanersetzung tëscht e puer Persoune mat engem Messer blesséiert. D'Beamte konnten eng verdächteg Persoun ermëttelen, bei där och e Messer fonnt gouf. Dës gouf saiséiert. Op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll erstallt.
Géint 1:45 Auer e Sonndegmoien keut d'Police dann e Mann mat Stéchwonnen um Boulevard Kennedy zu Esch-Uelzecht gemellt. Den Hannergrond ass net bekannt. D'Affer koum direkt an d'Spidol. Liewensgefoer géif keng bestoen. D'Sich nom Täter huet bis elo näischt bruecht.