
An de leschte Stonne krut d’Police deemno eng Rëtsch Abréch, respektiv versichten Abréch gemellt. Zum Beispill e Sonndeg den Owend an engem Familljenhaus an de Europastrooss zu Bäreldeng. Do hat en Onbekannten ugefaangen un der Rolllued ze moschteren, ier en Awunner hien iwwerrascht huet. Den Abriecher ass doropshi fortgelaf.
Quasi de selwechten Zenario gouf et an der Nuecht op Chrëschtdag an engem Haus an der Rue Wilson am Garer Quartier an der Stad. Och hei war nach eng Persoun doheem an den Onbekannten huet sech duerch d’Bascht gemaach. D’Police huet e gesicht awer net fonnt.
A béide Fäll war d’Spueresécherung vun der Police op der Plaz an et lafen Enquêten.
Um Site vun der Police fënnt ee wichteg Tuyauen, wéi ee säin Doheem an dëser Zäit virun Abriecher protegéiere kann.