
Den Epstein-Skandal zitt weider Kreesser. Eng renomméiert norwegesch Diplomatin huet demissionéiert. Et handelt sech ëm d’Mona Juul*, déi zesumme mat hirem Mann Terje Röd-Larsen eng wichteg Roll bei den zéien Negociatiounen tëscht Israel an der Palästinensescher Befreiungsorganisatioun uganks den 90er Joren gespillt hat. Doropshi koum et zum Friddensaccord vun Oslo.
Den norwegeschen Ausseministère huet eng Enquête géint d’Ambassadrice a Jordanien an Irak ageleet. Et soll gekläert ginn, wéi enk d’Relatioun tëscht der Mona Juul an dem verstuerwene Sexualverbriecher Jeffrey Epstein waren.
Fréier Subsiden un den International Peace Institute zu New York, wou den Röd-Larsen Chef war, sollen iwwerpréift ginn. Norwegesch Medie mellen, dass béid Kanner vun der Diplomate-Koppel am Epstein sengem Testament stinn an zwar mat am Ganzen 10 Milliounen Dollar. De Röd-Larsen huet sech fir seng Verbindung zum Epstein schonn e puer mol entschëllegt.
E Sonndeg war de Cabinetschef vum brittesche Premier Starmer, de Morgan McSweeney zeréckgetrueden. Hie wär un der Nominatioun vum fréiere Minister Peter Mandelson als Ambassadeur zu Washington bedeelegt gewiescht. Deemools 2024 war scho gewosst, dass de Peter Mandelson Kontakt mam Sexualverbiecher Epstein hat. De Premier Starmer fillt sech vum Mandelson beduckst. Keen hätt gewosst, wéi enk déi Relatioun gewiescht wär.
*An enger éischter Versioun vum Artikel hate mer déi falsch Foto vun der Mona Juul. Nieft der norwegescher Ambassadrice Mona Juul gëtt et och nach eng dänesch Politikerin, mam selwechten Numm.