Kollisioun op der N7D'Police sicht nom déidlechen Accident e Mëttwoch no Zeien

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem Fridhaff an Housen, am Beräich vun der Lëpschter Dällt, koum et e Mëttwoch den Owend géint 18.20 Auer zu engem fatalen Accident.
VIDEO: Déidlechen Accident op der N7
E Mann vu 25 Joer sollt net iwwerliewen

E Freideg huet d'Police nom déidlechen Accident vun e Mëttwoch op der N7/E421 en Zeienopruff lancéiert. Gesicht gëtt no deene Leit, déi hannert dem accidentéierte Won gefuer sinn oder eppes gesinn hunn.

All Informatioun ass fir d'Dikrecher Police um 4997-8500.

D'Streck war um Freideg nach emol fir ronn 1 Stonn fir den Trafic gespaart, ass awer géint Mëtteg nees opgaangen.

Wat war geschitt?

En Auto, deen aus Richtung Fridhaff koum, war op der dräispureger Strooss op d'Géigespur geroden an do mat engem anere Won kollidéiert.

De Schock war esou uerg, datt de Chauffer vum Auto, deen op d'Géigespur gerode war, net iwwerlieft huet. E war 25 Joer al, esou d'Police um Mëttwoch den Owend.

Chauffer a Bäifuererin aus deem aneren Auto goufe schwéier, respektiv liicht blesséiert a mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht.

De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op der Plaz, grad ewéi 2 Ambulanze vun Dikrech, eng vun Ettelbréck, de SAMU vun Ettelbréck, an d'Asazzentere vun Dikrech an Ettelbréck.

D'N7 hat nom Accident musse gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO