A Kombinatioun mat enger Wäermepompel sollen esou mëttel- a laangfristeg am Grand-Duché virun allem Bürosgebaier a gréisser Wunnkomplexer energeetesch versuergt ginn. Dat ännert sech an iwwert déi nächst Jore soll d’Geothermie zu Lëtzebuerg e ganz neie Stellewäert kréien. D’Technologie gëtt et scho méi laang, bis ewell awer hunn deels Firmen aus Baden-Württemberg op Lëtzebuerg misse buere kommen. Zu Nidderkäerjeng huet déi éischt Lëtzebuerger Entreprise, déi dës Zort vu Buerunge mécht, sech elo niddergelooss.
Den éischte Chantier ass aktuell nach virun der eegener Hausdier. Och fir déi eegen Energie-Versuergung gëtt aktuell 200 Meter déif gebuert. Ewech vun deiere Gasrechnungen eriwwer bei d’Energie aus dem Buedem, erkläert de Yannick Schuler,
Gerant vun der Firma fir Geo-Servicer: “Mir hate virun der Energie-Situatioun fir 6.000 Euro Gas d’Joer. Mir hunn den Investment elo selwer gemaach. Minus d’Aiden hu mer elo relativ präisgënschteg an eppes investéiert, wou mer laangfristeg roueg sinn. Mir sinn autonom. Mir kréie kee Courrier méi mat engem Décompte oder nei fixéierten Energiekäschten.”
Iwwerflächlech Geothermie géint Déifte-Geothermie
Am Wanter gëtt d’Wärmt aus dem Buedem geholl – am Summer geet se zeréck. Aktuell gëtt haaptsächlech déi iwwerflächlech Hëtzt vum Buedem am Grand-Duché genotzt fir eng Wäermepompel ze optimiséieren. Fir Privatstéit, awer och Entreprisen, esou de Yannick Schuler: “Mir hunn elo schonn Demandë fir op 200 Meter ze bueren, déi mer och chiffréiert hunn. Generell geet et awer vun 80 bis 300 Meter.”
Méi déif geet et dacks guer net. 50% vun de Lëtzebuerger Waasser-Reserve sinn ënnert eise Féiss. Et gëllt, d’Verschmotzung vum Drénkwaasser duerch Buerungen ze evitéieren.
Ma et ginn Exceptiounen. An zwar am Minett tëscht Diddeleng an Esch. Zu Diddeleng soll am Quartier Nei Schmelz iwwert déi nächst Joerzéngten den éischte geothermesche Waasser-Reseau zu Lëtzebuerg entstoen. Gebuert gëtt op iwwert 1.000 Meter. D’Etüde lafen nach. Fir den Energieminister Claude Turmes eng grouss Opportunitéit: “Et ass déi éischte Kéier, datt mer zu Lëtzebuerg esou déif ginn. Op der Basis vun Diddeleng kënne mer dann extrapoléieren, ob mer dat op nach anere Plazen am Land kënne maachen. D’Géotermie ass sou oder sou eng vun de Kär-Technologien, fir datt mer fortkomme vun de fossillen Energië Mazout a Gas. Mir brauchen d’Géotermie da virun allem a grousse Gebaier, ewéi zum Beispill Bürosgebaier.”
Potential gëtt et ënnert anerem zu Esch, Keel a Réiser. Virun all Buerung sinn et d’Waasserwirtschaftsamt an de Service Geologie vum Staat, déi evaluéieren, ob dës iwwerhaapt méiglech sinn oder net.