Am RTL-Interview erkläert de Luc Thiel, Chef vun der Police-Sectioun Armurerie, wat d’Reegelen an d’Risiken am Ëmgang mat Messere sinn.
“Et gëtt dräi Kategorien”, erkläert de Luc Thiel. “Déi éischt Kategorie ëmfaasst Täschemesseren, déi mir droen däerfen. Déi zweet Kategorie ëmfaasst Messer mat gréissere “Klingen”, wéi zum Beispill Kichemesseren, déi Erwuessener kafen a doheem behalen däerfen. An da ginn et nach d’Messeren, déi verbuede sinn.”
Messeren, déi een an der Ëffentlechkeet däerf dobäi hunn, musse streng Ufuerderungen erfëllen:
“Wann een elo e Messer derbäi huet a gëtt ee vun der Police kontrolléiert, d’Täschemesser ass an der Rei, wann ech awer elo mat engem Dolch ënnerwee sinn, oder ech hunn dat am Auto leien, dann ass dat net méi erlaabt, well ech hunn dat Messer just dierfen doheem hunn”, seet de Luc Thiel. “Da kann d’Police dat Messer beschlagnamen, dat gëtt ewechgeholl an dat gëtt dann opbewaacht vun der Police an de Parquet, et gëtt natierlech d’Protokoll geschriwwen an de Parquet, deen decidéiert dann do driwwer wat mat deem Messer geschitt, kritt deejéinegen dat erëm, kritt en eng Restitutioun oder ass et saiséiert an et gëtt zerstéiert, da bleift et an der Armourie vun der Police an da ginn déi Messeren eng Kéier futti gemaach.”
Messere mat Messerblieder, déi méi laang wéi néng Zentimeter sinn – wéi zum Beispill Kichemesseren – sollten net an ëffentleche Raim benotzt ginn. Awer wat ass, wann een zum Beispill picknicken oder campe geet?
“Mir kënnen do Täschemessere benotzen, si ginn duer”, seet de Luc Thiel.
Messere mat gréissere Messerblieder, déi fir Bastelen, Kachen oder artistesch Zwecker benotzt ginn, sinn am Allgemenge fir de Privatgebrauch geduecht. Ob se an der Ëffentlechkeet dierfe benotzt ginn, hänkt vum Kontext an der Geleeënheet of.