
En Donneschdeg tëscht 11 a 15 Auer huet d’Police op der Areler A6 a Richtung Belsch eng gréisser Kontroll gemaach. Net manner wéi 20 Protokoller huet d’Police musse schreiwen.
Véier Camionschaufferen hate sech net un den Iwwerhuelverbuet gehalen, dräi waren ze séier ënnerwee an zwee hunn de Sécherheetsofstand net respektéiert.
Bei zwee Gefierer waren d’Pneuen net an der Rei a bei zwee anere war d’Luedung net korrekt geséchert.
Aner Verstéiss hu sech op Handy um Steier bezunn, oder nach d’Rouzäiten, déi net agehale goufen, fir just déi ze nennen.