
Och d'Pëtrolsproduite ware liicht manner deier. Den Heizungsmasutt huet staark noginn, op den Tankstelle huet dogéint bësse méi misste bezuelt ginn.
Den annuellen Inflatiounstaux klëmmt allerdéngs liicht op elo 0,7%. Am August louch deen nach bei 0,6%. Déi Zuelen huet de Statec matgedeelt.
