
Hannergrond war en Tëschefall, wou um Bord vun enger Maniff zu Esch eng Fotographin verbal intimidéiert gouf, respektiv wéi en RTL-Journalist no engem Radio-Commentaire menacéiert gouf. Wéinst dem leschtgenannte Virfall gouf och eng Plainte deponéiert.
Och de Medien- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel reagéiert um RTL-Mikro:
Dat ass inakzeptabel. D’Journaliste maachen hir Aarbecht. An enger Demokratie gehéiere si zu de Pilieren, fir eben och Saachen ze denoncéieren a fir eben op Sujeten opmierksam ze maachen. Wann awer elo e Journalist ageschüchtert gëtt, ass dat inacceptabel. Wann e Journalist Doudesmenacë kritt, ass dat inacceptabel. A mir mussen dat alleguerte strengstens condamnéieren an ech sinn och dofir frou, dass an der Chamber en Debat soll driwwer gefouert ginn, fir datt mer kucken, och do de politesche Konsens ze fannen, fir d’Press ze stäipen an net de Journalisten Angscht ze maachen. Ech wëll net Premier sinn an engem Land, wou Journalisten, déi hir Aarbecht maachen, Angscht mussen hunn, iwwerhaapt hir Aarbecht transparent an normal kënnen ze maachen. An datt se ageschüchtert ginn, datt se Angscht hunn, op d’Aarbecht ze kommen an datt se iwwerhaapt Angscht hunn, hir Aarbecht ze maachen, dat geet net.
Wéi och d’ALJP schreift, géif et bei allen Intimidatiounen a Menacë géint Journalisten och ëm d’Pressefräiheet ginn - wou net méi dierft onofhängeg reportéiert ginn, géifen d’Mënscherechter violéiert ginn.
D’DP-Fraktioun huet iwwerdeems eng Konsultatiounsdebatt iwwert d’Pressefräiheet an d’Liberté d’Expression an der Chamber ugefrot.