"Prozedur juristesch préiwen"D'Psychotherapeute ginn net an déi éischt Mediatiounsronn um Freideg

Lynn Cruchten
D'Fapsylux stellt d'Legalitéit vun enger Mediatioun tëschent der Associatioun vun de Psychotherapeuten an der CNS a Fro.
Verhandlungen tëscht CNS a Fapyslux ginn an d'Mediatioun
En Donneschdeg de Moie war d’Hoffnung do, datt bis Enn vum Joer en Accord tëscht der Krankekeess an de Psychotherapeute kéint stoen.

D’Fapsylux léisst déi Prozedur also den Ament juristesch préiwen. Se gëtt sech dofir Zäit bis déi aner Woch. D’Psychotherapeute ginn dofir och net an déi éischt Mediatiounsronn, déi um Freideg den Owend ass. Dat sot d’Presidentin vun der Fapsylux Catherine Richard op Nofro vun RTL.

De Sozialminister Claude Haagen hat um Donneschdeg no enger Chamberkommissioun annoncéiert, datt d’Mediatioun tëschent der Gesondheetskeess an der Associatioun vun de Psychotherapeuten um Freideg soll ufänken. Hien, grad wéi verschidden Deputéiert, haten ënnerstrach, datt een op en Accord tëschent béide Säite géif hoffen, mä d’Viraussetzungen dofir sinn net déi Bescht.

Back to Top
CIM LOGO