Santé op FacebookDr Jean-Claude Schmit: "Mir hunn Omikron iwwerall"

RTL Lëtzebuerg
Mat 2.000 gemellten Infektiounen den Dag misst een dovunner ausgoen, datt de Virus den Ament sou verbreet ass wéi nach ni virdrun hei am Land.

Santé Facebook Live / resuméiert vum Claudia Kollwelter

“Mir hunn Omikron iwwerall”, sot den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit en Donneschdeg den Owend an enger neier Froestonn vun der Santé op Facebook, dee sech elo ganz séier en heftege “Peak” vun den Infektiounen erwaart. Ouni weider Iwwerraschunge kéint et da vu Mäerz, Abrëll un nees besser goen.

Et wier zwar gewosst, datt d’Omikron-Variant manner geféierlech wier an awer dierft se net banaliséiert ginn:

De Risiko, fir an d’Reanimatioun ze kommen, ass 0,8 Prozent gewiescht beim Delta. Vun 1.000 Leit, déi infizéiert ginn, landen der also 8 an der Reanimatioun. Bei Omikron ass de Risiko ëm d’Hallschent reduzéiert, an awer landen der 4 vun 1.000 an der Reanimatioun. Wat wéineg ass, mä wann et iech betrëfft, ass et vill.”

Am Hibléck op 2.000 gemellten Infektiounen den Dag, ass den Drock op d’PCR-Tester natierlech enorm. D’Waardezäite sinn den Ament laang, deels ze laang. De Jean-Claude Schmit huet en Donneschdeg den Owend annoncéiert, datt d’Santé an Zukunft geimpfte Persounen, déi mat engem Infizéierten a Kontakt waren, recommandéiert just nach Schnelltester ze maachen.

Well déi besser d’Infektiositiéit widderspiggele wéi d’PCR-Tester, déi nach wochelaang kënne positiv sinn, ouni datt een infektiéis ass”.

Donieft ass d’Santé zesumme mat de Laboen amgaangen no zousätzlechem Personal ze sichen, fir Prelevementer ze maachen. Hei geet et ëm d’Fro, wéi e Profil dës Leit mussen hunn, fir PCR-Ofstrécher kënnen ze maachen.

Wat d’Impfunge vu Kanner ugeet, huet de Jean-Claude Schmit betount, datt dës net kënnen a Pop-Up-Impfzentere goen: “Mir hunn och nëmme limitéiert Capacitéiten an den Impfzenteren. Do ass normalerweis eng Filière op. A mer versichen douce Leit ze fannen, fir mat de Kanner ëmzegoen. Infirmières en pédiatrie zum Beispill, déi Erfarung mat Kanner hunn.”

Vun e Méindeg u sollt d’Hotline vun der Santé och opgestockt ginn. 50 Leit solle bäikommen. Den Ament kéint d’Helpline net all Appeller entgéint huelen.

Back to Top
CIM LOGO