
Um 12:42 Auer hat et op der A4 tëschent der Aire de Steebrécken a Steebrécken tëscht zwee Autoe gerabbelt, woubäi eng Persoun verwonnt gouf. D'Monnerecher, Leidelenger a Schëfflenger Rettungsekippe waren am Asaz.
Kuerz no 14 Auer e weideren Accident mat zwee Autoen an engem Blesséierten, dës Kéier op der A3 tëschent dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem. Op der Plaz waren d'Stater Secouristen.
En Asaz fir d'Housener CGDIS-Ekippe gouf et géint 16:15 Auer zu Holztem op der Haaptstrooss, hei sinn en Auto an e Motorrad aneneegerannt an et gouf eng Persoun verwonnt.