
Kuerz no 11 Auer ass e Motorradsfuerer zu Kielen gefall a gouf blesséiert. Um CR110 tëscht Grass a Klengbetten gouf et en Accident tëscht engem Moto an zwee Autoen. D’Air Rescue gouf op d’Plaz geruff. Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. Dann huet et géint 16.51 Auer zu Éiter op der Route de Remich geknuppt. Een Auto an e Moto waren hei am Coup. De Bilan ass ee Blesséierten.
An der Rue Principale krute sech e Freideg de Moien dann nach 2 Autoen ze paken, eng Persoun gouf hei verwonnt. Bëssi méi spéit am Moie koum et zu engem Accident an der Rue de Hobscheid zu Stengefort, hei gouf keng Persoun blesséiert. An um kuerz virun 9.30 Auer koum et dann nach eemol zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen um Findel, méi genee an der Route de Trèves. Eng Persoun gouf hei verwonnt.