CGDIS melltDräi Blesséierter bei dräi Accidenter um Mëttwochmëtteg

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt um Mëttwoch de Mëtteg dräi Accidenter mat all Kéiers engem Blesséierten.
© Jeannot Ries

Op der A7 koum et um 16:24 Auer e Mëttwoch zu engem Accident, bei deem eng Camionnette ëmgekippt ass. Geschitt ass dat Ganzt tëscht Miersch a Colmer-Bierg. Blesséiert gouf eng Persoun, am Asaz waren d'Ekippe vu Lëntgen, Luerenzweiler a Miersch.

Kuerz drop ass en Automobilist um CR173 tëscht Riedgen an dem Schléiwenhaff an e Bam gerannt, och hei gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d'Secouriste vu Monnerech an aus der Stad.

Um 16:45 Auer sinn zwee Autoen op der Route de Trèves um Sennengerbierg kollidéiert. Eng Persoun gouf verwonnt, d'Ekippe vun Nidderaanwen an aus der Stad hu sech gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO