CGDIS-BulletinDräi Bränn an een Auto op der Kopp

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Samschdegnomëtteg an Owend ware besonnesch d'Pompjeeë vum CGDIS beschäftegt, dat mat dräi Bränn uechter d'Land.
© Laurent Weber

Kuerz viru 17:15 Auer war et an de Rue Rosswinkel zu Scheedgen e Vegetatiounsbrand, ëm dee sech d'Pompjeeë vu Konsdref, Iechternach a Mäertert gekëmmert hunn.

Um RN15 tëschent Nidderfeelen an Heischent war géint 18:40 Auer eng Hecken a Brand. Hei waren d'Pompjeeë vu Feelen a Mäerzeg am Asaz.

A kuerz virun 23 Auer hat et an der Cité op Hudelen zu Schëffleng op engem Balcon gebrannt, hei sinn d'Ekippe vu Schëffleng, Keel, Rëmeleng, Suessem-Déifferdeng an Esch geruff ginn.

Persoune si bei dësen dräi Bränn keng zu Schued komm.

Donieft gouf dann awer nach e Verkéiersaccident, nämlech géint 19:45 Auer an der Näertreger Strooss zu Wolz. En Auto louch hei op der Kopp, eng Persoun ass blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Secouriste vu Géisdref a Wolz an de SAMU vun Ettelbréck.

Back to Top
CIM LOGO