Nei ausgebreet oder just onbemierkt bliwwen?Presenz vu grénger Mouk zu Lëtzebuerg confirméiert

Samantha Weber
Jorelaang gouf et keng konkreet Beweiser fir d'Presenz vun der grénger Mouk am Grand-Duché. No enger éischter Siichtung am Abrëll dëst Joer gouf elo confirméiert, datt et eng "Bufotes viridis" war.
© Alexander Kristiansen / inaturalist.lu

De 16. Abrëll dëst Joer huet den Alexander Kristiansen, Mataarbechter vun der Naturverwaltung (ANF), am Park vum Domaine thermal zu Munneref eng europäesch gréng Mouk gesinn. Fir d'Aart vun der Mouk bestëmmen ze kënnen, huet hien d'Mouk fotograféiert an erëm fräigelooss. Unhand vun hirem charakteristesche Muster um Réck - onreegelméisseg gréng Flecken op hellem Hannergrond - konnt d'Déier eendeiteg als "Bufotes viridis", op Däitsch och "Wechselkröte" genannt, identifizéiert ginn. Mat hirem spezielle Look ënnerscheet si sech däitlech vun änlechen heemeschen Aarten.

Bei enger weiderer Visitt zu Munneref e puer Deeg méi spéit gouf an engem Buer am Park dunn eng dout Mouk fonnt. Dat eng ronn 30 Meter vun der Plaz vun der éischter Siichtung. Unhand vum Kadaver an den éischte Fotoe konnt confirméiert ginn, datt et dat selwecht Déier war. Dat schreiwen den Alexander Kristiansen an de Laurent Schley, Membere vun der Société des naturalist luxembourgeois, an hirem rezente Rapport.

Obwuel d'Aart an der Vergaangenheet bannent de Lëtzebuerger Grenzen ernimmt gi war, gouf et bis ewell awer keng confirméiert Noweiser. Och wann et eng bemierkenswäert Entdeckung ass, passt se zu deem, wat bis ewell iwwer d'Verbreedungsgebitt vun der Europäescher grénger Mouk gewosst ass. Déi verstreet Populatiounen am Nordoste vu Frankräich an dem Weste vun Däitschland sinn nämlech besonnesch vill laanscht d'Musel ze fannen. Deemno ass et net iwwerraschend, datt dës Moukenaart zu Lëtzebuerg nogewise gouf.

Och datt se sech ëmmer méi verbreet, passt zu der Ökologie vun der "Bufotes viridis", déi als Pionéieraart gëllt an an oppenen a vum Mënsch verännerte Liewensraim lieft an an der Lag ass, moderat Distanzen hannert sech ze bréngen.

Ofzewaarde bleift elo, ob d'Aart just sporadesch optrëtt, oder ob se bis ewell einfach onbemierkt bliwwen ass. De Kadaver vun der grénger Mouk ass am Lëtzebuerger Naturmusée.

Back to Top
CIM LOGO