Naturschutz a Juegd um Haff RéimechE Wëllschwäi-Management sur mesure géint eng Iwwerpopulatioun

Monique Kater
Mat enger Kombinatioun vu Juegd a Wëllschwäin an der Fal fänken, probéiert d'Naturverwaltung d'Iwwerpopulatioun vun de Wëllschwäin um Haff Réimech an de Grëff ze kréien. Bilan no annerhallwem Joer: 114 Schwäi manner.

Zënter Enn 2024 steet am Naturschutzgebitt Haff Réimech, niewent de Rëmerscher Baggerweieren, eng Fal, an där d'Naturverwaltung bis ewell 54 Wëllschwäi gefaangen an dunn erschoss huet. Fir déi 300 Hektar Schutz-Zon definéiert net d'Juegd-, mee d'Naturschutzgesetz d'Reegelen, virun allem fir déi sëllegen Déieren-Aarten ze protegéieren. D'Wëllschwäi gehéieren net an déi Kategorie a well hir Populatioun hei vill ze vill héich ass, setzt d'ANF op eng Kombinatioun aus "Usetzen an Afänken".

Eng Fal, déi net zum Juegd- mee zum Naturschutzgesetz gehéiert

Déi berüümte Fal steet net wäit ewech vun de Rëmerscher Baggerweieren. Also matzen am Naturschutzgebitt an do huet u sech keen eppes verluer. Och mir net. An dat fir déi geschützten Aarten net ze stéieren, an d'Schwäin net ze verdreiwen. D'ANF-Responsabel fir d'Juegd, Marianne Jacobs, filmt fir eis.

Si mécht eng kloer Differenz tëscht normal op d'Juegd goen, an d'Déieren an der Fal fänken. Och dat wier en Handwierk, dat ee misst léieren. Mir léieren, dass esou eng Fal ënner d'Naturschutzgesetz fält a fir op dësen Hotspot erlaabt ass.

Kiren, fänken, erschéissen

Zu zwee aus der ANF këmmere si sech ëm dës complementaire Mesure. Dat heescht, et gëtt gekirrt, also d'Déiere ginn nuets mat Fudder an d'Fal gelackelt a wa se dra sinn, géif, kontrolléiert vun doheem aus, d'Dier zoufale gelooss – ouni dass zum Beispill e Fierkel dobausse stoe gelooss géif.

An – der ANF ganz wichteg – dës Fal wier complementaire zur Juegd um Héichsëtz! Därer sti ronderëm baussent dëser exzeptioneller Schutz-Zon; e Management-Konzept sur mesure, mee net onbedéngt fir dat ganzt Land geduecht. Hei géif d'Rechnung awer opgoen!

Bilan zënter November 2024: 114 Wëllschwäi manner

54 Schwäi goufen iwwer d'Fal aus dem Naturschutzgebitt erausgeholl a 60 iwwer d'Usetzen.

Soubal d'Schwäi gefaange sinn, ass et der ANF hir Aufgab, d'Déieren am beschte per Kappschoss dout ze maachen – bis dohi gesi se effektiv relax aus. Ass de Stress manner uerg, wéi dee vum Déier op enger Klappjuegd? Jo, seet d'ANF.

Iwwerall am Land wieren ze vill Wëllschwäin, mee Fakt wier och, dass si eng Präferenz fir d'Miseler Géigend hätten.

Haff Réimech: (k)eng Maternité?!

De Reproche, den Haff Réimech wier Schold, e wier eng "Maternité" fir dem Asterix säi Singularis Porcus, léist d'ANF net gëllen!

De Problem léist een net lokal, seet d'Marianne Jacobs, e wier och net eleng um Haff Réimech entstanen, déi d'ganz Regioun iwwer Joerzéngte concernéiert gesäit. Eng Léisung soll zesumme gesicht ginn.

Nei Mesuren zesumme mat den Noperen

Der Naturverwaltung schwiewen dräi weider Mesurë vir, fir den Drock aus der Naturschutzzon erauszehuelen: fir unzefänken, elo schonn och nuets, baussent der Naturschutzzon Usëtzen – eppes wat villäicht duerch d'Ännerungen am Juegdgesetz och fir d'Jeeër allgemeng méiglech gëtt. Da kéint eng zweet Fal an d'Reserv kommen. An, net ze vergiessen, d'Gespréich mat den Noperen.

A wat ee vun den Haaptacteuren – de Juegdhär vun de Louse ronderëm heizou ze soen huet, gesi mer e Sonnden, am Journal op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO