
Déi traditionell Foire Agricole leeft zënter e Freideg an nach bis e Sonndeg ënnert dem Slogan: Reconnect. D'Landwirtschaft dem Bierger méi no bréngen, och wat de lokalen a regionale Volet ugeet. Déi 43. Editioun, presentéiert dem Public de Secteur a seng Produiten. Erwaart ginn, trotz den héijen Temperaturen, iwwer de Weekend eng 50.000 Visiteuren, an ëm Samschdeg en EU-Kommissär als Éieregaascht.
43 Joer gëtt et se, an déi Kéier ass et d'Zuel vun 380 Aussteller respektiv Vertrieder aus dem Landwirtschaftssecteur, déi impressionéiert. D'Foire Agricole ass dee Rendez-vous, dee keen Intresséierte verpasst. Och net den aktuellen EU-Agrarkommissär.
De Christophe Hansen mécht e Stopp bei senge Klengdéierenziichter. E stressegen Dag mat enkem, europäeschem Zäitplang. Den Europäer hëlt sech awer Zäit, fir eng Glace an Diskussiounen um Luxlait Stand. Dat ganzt Land – a virun allem: de Secteur vun de Mëllechbaueren intresséiert sech fir den EKABE-Luxlait-Dossier, seet hien. Der EU schéngt dat net egal ze sinn.
"Mir kënnen déi 68 concernéiert Baueren net einfach am Stach loossen", sou de Lëtzebuerger zu Bréissel. An deem heite konkrete Fall hätt ee finanziell Moyenen - 450 Millioune Euro pro Joer als Réserve agricole. Och an anere Länner géing et dem Mëllech-Secteur net gutt goen. Investitiounshëllefe wiere méiglech, mee eréischt dat nächst Joer, erkläert de Kommissär Hansen. D'Bauere sollen de Kapp elo net an de Sand stiechen.
De Kapp haten d'Baueren an d'Visiteuren e Samschdeg net am Sand, mee an der Sonn, donieft, wat d'Baueren ugeet, hu si eng zimmlech gutt Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Ministesch. D'Martine Hansen hu mer net begéint, an dofir froe mir hire Koseng a Parteikolleeg zu der, wéi et schéngt éischter konfliktueller Relatioun, dee si mat deem anere Parteikolleeg, dem Ëmweltminister soll hunn. Stéchwuert: Piff, Mëscht, Drénkwaasser...
Kee Kommentar, seet de Kommissär a präziséiert, dass d'Bauere genee wéissten, dass e gesond Ëmfeld, fir ze schaffen, dat heescht dass propperen a gesonde Buedem a Waasser, wichteg wieren. Op där anerer Säit missten hir Efforte valoriséiert ginn.
Déi finanziell Hëllefe vun Europa, déi fir dëst Joer scho verdeelt sinn, géife schonn a missten nach däitlech eropgoen, sou den Agrarkommissär.
Mee dat ass Politik, hei si mer fir d'éischt emol op der Foire Agricole, op déi d'Leit an hirer Fräizäit luusse kommen. En neit Klengdéierenduerf intresséiert natierlech, e flotte Pavillon oder besser en Zelt. Eis virun allem, well d'Kanengercher probéieren, e Stéck Schied ze fannen, hanner Stecker Kartrong. Vun de Kéi net ze schwätzen. Net grad fir sech ze bretzen, och wann net just den Agrarkommissär, mee wéi et schéngt och d'Veterinärinspektioun hei näischt dobäi fënnt.