An der Stad an zu EschDräi Persoune wéinst Drogebesëtz festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Freidegnomëtteg an e Samschdegmoien ass d'Police op dräi Persounen opmierksam ginn, déi Drogen dobäihaten.

An der Rue du Fossé zu Esch-Uelzecht sinn de Beamten am Freidegnomëtten zwou Persounen opgefall, déi wuel an engem Auto amgaange waren, mat Drogen ze dealen. Wéi si doropshi kontrolléiert goufen, huet ee vun de Männer hinnen direkt eng Rei Kugele mat Drogen ausgehännegt. Den anere Verdächtege gouf klinesch ënnersicht, well hien ënnert dem Verdacht stoung, Drogen ofgeschléckt ze hunn. De Verdacht hat sech confirméiert, et goufen eng Rei Plëmb mat Droge fonnt. D’Männer goufe festgeholl, hir Handyen, Boergeld an och hiert Gefier goufe confisquéiert.

E Samschdegmoien an der Stad ass d’Police an der Rue Adolphe Fischer op eng Persoun opmierksam ginn, déi sech onopfälleg duerch d’Bascht maache wollt. Bei enger Kontroll goufen 2 Kugele mat Droge fonnt, mä och hei gouf et nees de Verdacht, datt weider Plëmb ofgeschléckt goufen. Dësen huet sech bestätegt. De Mann gouf festgeholl, och seng Wäertgéigestänn goufe confisquéiert.

Back to Top
CIM LOGO