10 Joer Projet Developpement am KolléischSchüler gi gefuerdert, méi wéi just de klassesche Léierplang ze suivéieren

Rosa Clemente
Iwwert den Tellerrand ewech kucken, Engagement weisen a sech fir säin Entourage interesséieren. All dat gëtt zënter Joren am Kolléisch gefuerdert duerch de sougenannte Projet Developpement.
10 Joer Projet Developpement am Kolléisch
Schüler gi gefuerdert, méi wéi just de klassesche Léierplang ze suivéieren

Zil ass et, mat Hëllef vu verschiddenen Aktivitéiten, Visitten an och vill Input vu baussen d’Schüler anescht ewéi just unhand vun de klassesche Schoulstonnen ze forméieren.

De Projet Developpement gouf 2016 vum deemolegen Direkter Jos Salentiny an d’Liewe geruff, fir d’Schüler zu méi Engagement ze motivéieren - am Lycée an ausserhalb dovun.

Fir esou ee Projet op d’Been ze stellen an iwwer Joren ze féieren, brauch et awer vill Koordinatioun. Virun allem well de Projet nëmme fächeriwwergräifend funktionéiere kann. Deemno mussen d’Proffen Hand an Hand schaffen, fir datt de virgeschriwwene Léierplang un d’Jores-Themen (dëst Joer: Altruismus an Demokratie), déi an de Projet-Klasse behandelt ginn, ugepasst ka ginn.

De ronne Gebuertsdag feiert d’Schoul um 140. Gebuertsdag vum Robert Schuman, also den 29. Juni, mat engem Vernissage am Märeler Park. Am Virfeld dovun huet eng RTL-Ekipp déi aktuell Projet-Klass (4ème) bei zwou Aktivitéite begleet. 

Méi zu dësem Projet op: https://www.al.lu/fr/projet-developpement-4e

Back to Top
CIM LOGO