Méiglech Presenz vu FriemkierperALVA rifft "Dessert poire vanille" zeréck

RTL Lëtzebuerg
D'ALVA rifft den "Dessert poire vanille" vun der Mark "Les délices du chaudron" zeréck, well méiglecherweis metallesch Friemkierper am Produit kéinte sinn.
© RTL

D'Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) huet en Donneschdeg en neie Réckruff bekannt ginn. Deemno gëtt den "Dessert poire vanille" vun der Mark "Les délices du chaudron" zeréckgeruff, dat wéinst méiglecher Presenz vu metallesche Friemkierper.

Betraff sinn d'Produite mat der Consommatiounslimitt vum 30. September an 2. Oktober 2026, déi an Unitéite vu véier verkaf goufen. Wéi d'ALVA schreift, besteet en "Niveau de vigilance orange", d'Leit sollen deemno virsiichteg sinn.

Weider Informatiounen zum Produit fannt Dir hei, wärend der Iech aner Réckriff hei ukucke kënnt.

Back to Top
CIM LOGO