Besuergte Baueren a WënzerDréchenste Summerufank zanter Joerzéngten

Tim Morizet
Nom dréchene Fréijoer gëtt dréngend Reen hei an der Géigend gebraucht. Dëst huet e groussen Impakt op d'Recolte an de Wäibau.
Dréchenste Summerufank zanter Joerzéngten
Déi vill an de wéinege Reen maache virun allem de Baueren an de Wënzer vill Stress

Et ass bal op den Dag e Joer hier, datt Héichwaasser bei eis an och bei eisen Nopere fir vill Misär gesuergt huet. Dëst Joer mécht dat aussergewéinlecht dréchent Wierder de Leit Suergen, virop de Baueren an de Wënzer. Si bréichten dréngend Reen, nodeems dat dréchent Fréijoer scho seng Spueren hannerlooss huet.

Um Aker ass d’Qualitéit an d’Quantitéit vun de Käre méi schlecht wéi soss Joren, seet de Christian Zimmer, hien ass Bauer zu Tënten. Um Gréngland, de Wisen zum Beispill, géif guer näischt méi wuessen. Soss géif et eng drëtt oder véiert Coupe ginn, dëst Joer géif no der zweeter net méi vill kommen.

De Christian Zimmer rechent mat engem Ausfall vu bis zu 50 Prozent. “Mir mussen op Reserven zeréckgräife vum leschte Joer, do hate mer d’Chance, datt mer der konnten opbauen. An dësem Fall bei de Kären, 50 Prozent manner dreschen, heescht och 50 Prozent manner verkafen.”

Dréchenste Summerufank zanter Joren / Rep. Dany Rasqué

Am Geméisbau wier et quasi onméiglech, iwwerhaapt nach eppes ze produzéieren, et wéisst een net, wou een d’Waasser soll hierhuele fir ze netzen. “Du kanns keng Zaloten netze mat Reewaasser, du dierfs et opfänken, mä et ass elo keent do. Grondwaasser dierf ee scho guer keent huelen, dat heescht, et muss een op Leitungswaasser zeréckgräifen an dat ass käschteméisseg einfach net ze maachen.”

Och an de Wéngerte gëtt Schued gefaart, seet den Ern Schumacher, dee Wënzer zu Wuermer ass. Éischt Schied géif een elo scho gesi kommen. “Dat ass an deene Jonkanlagen, déi elo zwee oder dräi Joer gesat sinn a wou d’Wuerzelen net déif an de Buedem ginn. Wann et elo wierklech 14 Deeg dréche bleift, da kommen och aner Wéngerten, wou net esou vill Buedem ass. Déi dréchnen dann och aus a kréie gréisser Schied.”

Den Ern Schumacher seet, mam Netze kéint een dat dréchent Wieder zum Deel kompenséieren, mä d’Drauwe géifen net esou déck ginn. D’Wënzer hoffe weider op Waasser vun uewen an datt d’Temperaturen net iwwer 40 Grad klammen, soss géifen d’Planzen och nach Sonnebrand kréien an da géif et och bei hinnen en Ausfall vu 50 Prozent ginn. Eng Erfarung, déi d’Wënzer scho virun zwee Joer gemaach haten.

Back to Top
CIM LOGO